logo

Agenda

17.06.19 Coupe scolaire zu Huelmes

Méindes nomëttes um 13h30 ass et lass gaangen. All Elteren a Representante vun der APECTS, déi sech als Kontroller gemellt haten, si gebrieft ginn. Dono sinn si a Positioun gaangen, an den éischten Tour ass ugaange mat ongeféier 50 Kanner. Beim éischte Passage konnten d'Kontroller d'Kanner nach verbesseren an gutt Rotschléi ginn. Beim zweeten Tour ass et ëm d'Wurscht gaangen. Alles ass notéiert ginn. Géint 16h30 ass beim Éierewäin, dee vun der Gemeng Helperknapp offréiert gi war, ee Gewënner an een zweete Gewënner ausgeloust ginn. De Gewënner oder säin Ersatz huelen e Sonndeg, de 7. Juli un der Nationaler Coupe Scolaire zu Brouch deel. Vill Gléck!

3.06.19 Velostraining am Verkéiersgaart zu Miersch

Als Training fir eis Coupe Scolaire, déi méindes, de 17. Juni zu Huelmes ausgedroë gëtt, waren all Klassen vum Cycle 4 op Miersch an de Verkéiersgaart.

17.05.19 Theater vum Cycle 4.2 am Koschteschbau zu Tënten

De Cycle 4.2 vun Huelmes huet zu Tënten am Koschteschbau Theater gespillt.

Di 18 Schauspiller hunn 2 Stécker gespillt:

-D'Geschicht vun der Waliss vum Roland Meyer

-Eine Woche voller Samstage vum Paul Maar

10.05.19 Waasserwee

D'Klassen vum Cycle 4.1 maachen de Waasserwee, wou si de Waasserkreeslaf erklärt kréien.

5.04.19 Schoulsportdag am Kloterpark zu Stengefort

Am Kader vum Nationale Schoulsportdag 2019 waren d'Klasse vum Cycle 4 vun Huelmes op Stengefort an de Kloterpark. E gelongenen Dag vrun der Ouschtervakanz! No de sportlechen Aktivitéiten hu mir zu Stengefort picknickt!

14.03.19 Checkiwwerreechung

14.03.19 Scheck-Iwwerreechung

D'Léierpersonal vun de Schoule vu Simmer, Tënten an Huelmes hunn der A.S.B.L ZESUMME WUESSEN, déi hire Sëtz zu Tënten huet, e Scheck vun 2.500 € iwwerreecht. D' A.S.B.L war duerch d' Membere Nadia Ruef, Tania Wenzel a Samra Cindrak vertrueden. Dës stolz Zomm ass den Erléis vum Chrëschtmaart 2018, dee vun der APECTS organiséiert gi war. All Cycle vu Simmer, Tënten an Huelmes an och d'Maison Relais haten um Chrëschtmaart matgewierkt duerch de Verkaf vun hire Bastelsaachen.

15.02.19 Ausfluch an den Luxembourg Science Center op Déifferdéng

Freides vrun der Fuesvakanz war de Cycle 4 vun Huelmes an den Luxembourg Science Center.

Mir haten 3 Showen reservéiert: Optik, Elektrizitéit an Chimie.

Och de groussen Ausstellungsraum war mega interessant.

Méi Fotoen fannt dir am Fotomenu.

28.01 bis 8.02.19 Vierliesen an der Masion Relai an an der Schoul

Am Kader vun eisem Schoulentwécklungsplang (Plan de Développement Scolaire) hunn d'Schüler an der Maison Relai an och an der Schoul hier selwer geschriwwe Geschichten virgelies.

30.01.19 Visite vum Atert Lycée Réiden

Am Kader vum Projet ORIKA waren d'Klassen vum Cycle 4 vun Huelmes e ganzen Dag am Réidener Lycée, e souguer mëttes an der Kantin. Soss hate mir Aktivitéiten wéi: Holzatelier, Stolatelier, Sciencecours iwwert d'Beien, Geschichtscours, Chemiescours, Konschtcours, Mathesstonn, Sport (Kinball)...

21.12.18 Ausfluch an de Mudam an an den Utopia bei de Superjhemp

Vrun der Chrëschtvakanz hate mir en Ausfluch an d'Staat gemaach.

Fir d'éischt ware mir an de MUDAM an hunn do eng Fotosausstellung gekuckt vum Jeff Wall, engem kanadesche Fotograf.

Dono si mir zu Fouss op d'Plëss (Place d'Armes) gaangen an hunn eis um Chrëschtmaart gestäerkt.

Nom Iessen hu mir am Utopia de Film Superjhemp retörns gesinn.

Méi Fotoe fannt dir ënnert Foto Alben

19.12.18 Visite vum Cécile Thill bei eis an der Lieshütt

Am Kader vun eisem Schoulentwécklungsplang (Plan de développement scolaire PDS) ass d'Madamm Cécile Thill an eis nei Lieshütt Kuerzgeschichten erziele komm fir all Klasse vum Cycle 4.

D'Geschichte waren op Franséisch an si haten all eppes mam Wollef ze dinn.

Wuesst dir, dass de leschte Wollef zu Lëtzebuerg 1892 vum Edouard Wolff erschoss gouf??

Ënnert dësem Artikel fannt dir eng vun de Geschichten! Vill Spaass beim Lauschteren!

Eng Wollefsgeschicht erzielt vum Cécile Thill!

5.12.18 Virliesung

Am Kader vun eisem Schoulentwécklungsplang (Plan de développement scolaire PDS) maache mir reegelméisseg Virliesungen an der Schoul.

D'Kanner aus dem Cycle 4.2 hunn de Kanner aus dem Cycle 4.1 hir franséisch Aufsätz (Thema "Une maison mystérieuse") an d'Geschicht vum Guy Rewenig "Eng Geschicht vum Kleeschen, déi e léiwer net liese soll" virgelies.

"Eng Geschicht vum Kleeschen, déi e léiwer net liese soll!" vum Guy Rewenig

4.12 a 5.12.18 Besuch am Lieshaus zu Miersch

Am Kader vun eisem Schoulförderungsplang besicht de Cycle 4.1 d'Lieshaus vu Miersch.

www.mierscher-lieshaus.lu

4.12.18 Interventioun vu "Stop Mobbing asbl"

Di Responsabel vun der asbl "Stop Mobbing", enger Associatioun ënnert der Tutelle vum Unterrechtsministère, hu mat hirer Sensibiliséierungscampagne géint de Mobbing an de Schoulen ugefaangen. www.stop-mobbing.lu

30.11.18 Chrëschtmaart am Koschteschbau

Wéi all Joer huet d' Elterevereenegung vun Simmer an Tënten hiren traditionelle Chrëschtmaart organiséiert.

D'Schoulkanner hunn hir Bastelsaachen verkaaft.

Den Erléis vum Verkaf ass fir d'asbl "Zesumme wuessen", eng Tëntener Associatioun, déi sech asetzt fir d'Integratioun vu Matbierger mat Migratiounshannergrond.

26.10.18 Ausfluch op Klierf an d'Ausstellung "The Family of Man" an op Dikrech an de Militärmusee

Juni 2018 Graffitiprojet mam Raphaël Gindt

You chose not to trust cookies on this website, which means that some features may not be available or operational. If you'd like to enable cookies for this site, then go to the Cookie Policy tab in the lower left corner of the screen and press the yellow "accept cookies" button. Thank you.
©2019 Helperknapp Website • Terms of usePrivacy policyContact
Diese Webseite wurde mit dem oli.lu School Web Manager erstellt.
Möchtest du deine eigene kostenlose Schulwebseite erstellen? Fang jetzt an!
spacer
Adventure Steinfort

Am Kader vum Nationale Schoulsportdag 2019 waren d'Klasse vum Cycle 4 vun Huelmes op Stengefort an de Kloterpark. E gelongenen Dag vrun der Ouschtervakanz!

Fotoen dozou fannt dir am Menü Foto Alben!

Mir waren ënnerwee!
Ausfluch an de Luxembourg Science Center op Déifferdéng.
D'Fotoen vun eisem Ausfluch vum 15.02.19 fannt dir elo am Fotosmenu.
spacer